Vu dat de Kleeschen eisem Land net déi PISA‐Resultater geschenkt huet, déi mir gär gehat hätten,
wollte mir dem Chrëschtkëndchen e Bréif schreiwen. Leider hun mir misse feststellen dat
d’Chrëschtkëndchen säi Socle de compétence am Liesen dëst Trimester nach net erreecht huet.
Dofir hunn mir eis geduet, dat et näischt kéint schueden Iech ze schreiwen.

An de leschte Méint hunn d’Jonk Demokraten de Kontakt mat de Schüler gesicht. Bei eiser
Campagne “Nullbock op Schoul?” hunn mir d’Schüler no hiren Erfahrungen, Kritiken a Proposen
amaktuelle Schoulsystem gefrot, well mir d’Gefill haten dat Dir de Kontakt mat de Schüler leider net
esou géift fleege wei mir eis et wënschen. Mir gesinn de Schüler als wichtege Partner an eise
Schoulen an dofir wollte mir och dem Partner eng richteg Plattform ginn fir matzeschwätze wann et
ëm hir Zukunft geet. Mir mengen dat eng Schoul déi op d’Schüler lauschtert och méi motivéiert an
eis esou vun der Nullbock‐Mentalitéit ewech feiert.
An de Feedback bei de Schüler huet eis bestätegt. Vill Schüler hunn eis gutt argumentéiert Kritiken a
Proposë matgedeelt. Et huet een erkannt dat si net komplett loschtlos sinn, mee dat eis Schoul si net
onbedéngt motivéiert kritt.

Well mir net mat eise Chrëschtwënsch iwwerdreiwe wëllen, hunn mir eis zwee grouss Wënsch
erausgesicht. Eng Rei Wënsch wäerte mir eis dofir fir den Ouschterhues spueren.

Obwuel Lëtzebuerg vill an d’Bildungspolitik investéiert, fanne mir dat d’Konditiounen ënner deenen
d’Schüler eppes leieren sollen net akzeptabel. Verschidde Schüler musse laang Trajeten op sech
huelen, well an hirer Géigend kee Lycée steet, anerer setzen an iwwerfëllte Gebaier well an hirer
dichtbesiedelter Regioun net genuch Lycéeë stinn.

Aus dem Grond wënsche mir eis fir Chrëschtdag 3 nei Lycéeën zu Klierf, Déifferdeng a Munneref.
Bildungspolitik däerf net zum Affer vu Spuermesurë ginn an dofir sollten dës néideg Projeten elo och
ugepaakt ginn. Fir d’Chrëschtdag d’nächst Joer hoffe mir dann dat Dir eis schon Sitë fir nei Lycéeën
dono kennt ginn, fir endlech mat Zäit ze bauen.

Wann dann endlech genuch Schoulraum do wär, kéinten mir och zu eisem zweete Wonsch
kommen. D’Jonk Demokrate mengen net dat e Schüler vill dovun huet, mat 29 Matschüler an engem
klenge Raum ze setzen an e passive Konsument ze sinn. Awer leider as s dat praktesch dat eenzegt
wat bei enger Klass vun 30 Schüler nach méiglech ass. Wei soll nomeenzelne Schüler gekuckt gi
wann ee pro Schoulstonn vu 50 Minutten nëmmen 100 Sekonne pro Schüler huet?Dofir wënsche mir
eis laangfristeg Klasse mat nëmmen 20 Schüler.

Wei gesot sinn dat nëmmen zwee Punkten déi mir uschwätze wollten, den Ouschterhues wäert Iech
e puer Wënsch méi iwwerbréngen. Bis dohi wënsche mir Iech eng gutt Gesondheet, e grousst Ouer
fir eis Schüler an vill Geschéck fir endlech Politik am Sënn vum Schüler ze maachen,

D’Jonk Demokraten