Den 21. Mee ass den Dag vum Europafest! Europa steet fir Fräiheet, soziale Fortschrëtt, ee gemeinsame Wirtschaftsraum a virun allem fir Fridden, an dat schonn zanter 66 Joer ! Grond houfreg op e politesche Projet ze sinn de virun allem de Jonken um Kontinent ze gutt kënnt.

Mir sinn eis awer och bewosst, datt de Projet Europa am Ament vu villen Zweiwele geplot ass an ëmmer rëm a Fro gestallt gëtt. Ënner anerem wirtschaftlech Problemer, de méigleche Brexit, an d’Flüchtlingskris hunn d’Schwächte vun Europa gewisen. Vill Bierger hunn d’Vertrauen an d’EU verluer. Mier dierfen awer ni vergiessen datt Europa ëmmer e Kriseprojet wor a mat den Erausfuerderunge vun de leschte Jorzéngte gewuess ass. Méi wei jee muss Europa der Ausbreedung vun extremen an nationalistesch ugehauchte politesche Stréimungen, déi gären an d’Zäit vu virum 2 Weltkrich zeréck wéilten, derwidder halen.

Fir d’Jonk Demokraten kann et just eng Äntwert dorop ginn : Solidaritéit an eng Unioun déi ëmmer méi enk zesummewiisst. Nëmme wann all d’Memberstaaten nach méi enk zesummeréckelen an ophalen an Termë vun Nationalstaaten ze denken, kënne Léisunge fir d’Erausfuerderunge vun haut a vu muer fonnt ginn. De Bierger muss d’Valeur vun engem vereenten Europa nees kloer erkenne kënnen. Opginn ass keng Optioun, well nëmmen en vereent Europa dat sech senge verschiddene Vergaangenheeten a Kulture bewosst ass, ka senge Bierger an enger multipolärer Welt muer weider Sécherheet, Fridden a Wuelstand garantéieren.

EENHEET AN DER DIVERSITÉIT!