Déi lescht Wochen a Méint stoung déi lëtzebuerger Sprooch ëmmer nees am Mëttelpunkt vu verschidden Diskussiounen. Et gi Petitiounen, déi d’lëtzebuerger Sprooch als éischt Nationalsprooch wëllen unerkennen, anerer wëllen de Géigendeel. Déi eng Leit fäerten ëm d’Bestoe vun der lëtzebuerger Sprooch, déi aner behaapten, datt nach ni esou vill Lëtzebuergesch geschwat ginn ass. An Zäite vu Krisen an Onsécherheet ass et net ongewéinlech, datt e Vollek un deem festhält wat et kennt an em Sécherheet gëtt. Am Fall vun eisem Land ass dëst zu engem groussen Deel de kulturelle Patrimoine. Eng Sproch ass en Haaptelement vun dësem Patrimoine a vun der perséinlecher Identitéit.

D’Regierung huet duerch verschidde Mesuren, zum Beispill duerch d’Revalorisatioun vum « conseil permanent de la langue luxembourgeoise », d’Situatioun erkannt a probéiert eis Sprooch weider ze fërderen. D’Jonk Demokraten (JDL) begréissen dës Mesuren, mee stellen awer fest, datt et u konkreten Handlunge feelt fir dem Bierger d’lëtzebuerger Sprooch méi no ze bréngen, ouni awer eis Méisproochegkeet ze vernoléissegen. D’JDL schléit dofir folgend Punkte vir:

 

1. Méi Lëtzebuergesch an der Schoul:

D’Regierung setzt op bilingual Kannerbetreiung a setzt och ëmmer méi d’Valeur op déi lëtzebuerger Sprooch, zum Beispill an de Crèchen. An dësem Zesummenhang schléit d’JDL fir, datt sech déi lëtzebuergesch Schoulprogrammen, vum Fondamental bis an de Secondaire, méi mam Lëtzebuergeschen ausernee setzen an datt en definéierte Programm virgi gëtt, besonnesch wat schrëftlech Produktiounen ugeet. Op dës Aart a Weis wëlle mir eng Valorisatioun vun der schrëftlecher Sprooch erreechen.

 

2. Méi Lëtzebuergesch schreiwen:

Den LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire) ass eng Online Plattform, déi dobäi hëlleft Wieder aus Friemsproochen op Lëtzebuergesch z’iwwersetzen. Dëst ass e Projet, deen 2004 vum Kulturministère initiéiert gouf a gëtt mat ëffentleche Gelder finanzéiert. Dës Plattform huet an dëser Zäit eng enorm Datebank mat lëtzebuergesche Wieder erschafft, déi allerdéngs net fir jiddereen zougänglech ass. An dësem Zesummenhang maache mir en Opruff un de Kulturminister, Xavier Bettel, an u säi Staatssekretär, Guy Arendt, fir dës Datebank ëffentlech zougänglech ze maachen an esou de privaten Initiativen, ewéi d’Plattform « Spellchecker.lu » dat néidegt Basismaterial zougänglech ze maachen, dat si brauche fir eis an der lëtzebuerger Sprooch ënnert d’Ärem ze gräifen.

 

3. Méi Lëtzebuergesch léieren:

Well e Mann oder eng Fra, déi am Verkaf vun enger Entreprise schaffen, no engem ustrengende Schaffdag sech nach ëm seng/hier Famill këmmere mussen, bitt de Staat Moossnahme fir Sproocheformatiounen ze verbesseren. Eng vun dëse Moossnahmen ass de „Congé linguistique“. Hei proposéiert d’JDL de Montant, deen de Staat iwwerhëlt vu 50% (Code de Travail – Art. L. 234-75.) op 100% ze erhéijen. Fir de Patron géif sech d’Fro vu Méikäschten net méi stellen a säi Service kann domat duerch eng besser Kommunikatioun verbessert ginn.

 

4. Méi Lëtzebuergesch an Europa:

Fir datt d’lëtzebuerger Sprooch net weiderhin als Dialekt an der europäescher Unioun gefouert gëtt, fuerdert d’JDL datt d’Lëtzebuergesch als offiziell EU–Sprooch unerkannt gëtt. Et geet hei net drëms legal Texter op lëtzebuergesch z’iwwersetzen oder
EU-Direktiven ëmschreiwen ze loossen. Eng Unerkennung vun der Sprooch, déi nach ëmmer am meeschten hei am Land geschwat gëtt, wier net nëmmen eng Valorisatioun fir d’Sprooch selwer mee fir déi ganz lëtzebuergesch Identitéit.

 

Nieft dëse 4 éischte Punkte kéint een d’Sprooch duerch bestoend Elementer aus dem Alldag mat einfache Verännerunge méi visibel gestalten. Dës Punkten hunn eng reng symbolesch Funktioun a sollen net als Fundament fir d’Vermëttlung vun der lëtzebuerger Sprooch gëllen:

 

5. Méi Lëtzebuergesch am Alldag:

Bis haut steet déi franséisch Bezeechnung op eise Stroosseschëlder un éischter Stell. Fir eis Sprooch méi present an eisem Alldag ze gestalten, proposéiere mir d’Stroosseschëlder an aner Orientéierungsgéigestänn (Buspläng, Zuchpläng, etc.) op lëtzebuergesch z’iwwersetzen. Fir bei dëser Moossnahm méiglechst käschtenneutral ze bléiwen, proposéiere mir datt dës successiv a no hire reguläre Wartungspläng ersat ginn.

 

6. Méi Lëtzebuergesch am Netz:

De Staat proposéiert vill an interessant Internetsäiten. Leider ass et esou, datt een dës Säiten nëmmen op franséisch, däitsch an/oder englesch kann opruffen. D’Méiglechkeet, déi vum Public am meescht besichte Säiten op lëtzebuergesch unzebidden, wier eng weider Mesure d’Sprooch méi visibel ze maachen.

 

JDL Positioun lëtzebuergesch Sprooch

E 6 Punkteplang fir d’Fërderung vum Lëtzebuergeschen