“De Gast” ass daat éischt Maskottchen vun der JDL. Beim Eraussiche vun Numm gouf sech fir eng Gréisst vum liberale Grondgedanken entscheed a sou ass de Maskottche Gast als Referenz op de Gaston Thorn genannt.

D’Haaptthemen, déi de Gast am Moment beschäftegen, sinn Transport, Ausbildung a Wunnen.

Fir de 70te Gebuertsdag hunn d’Jonk Demokraten sech nieft “De Gast” en weidert d’Maskottche ginn. Beim Eraussiche vum Numm hunn mir eis fir eng liberal Ikone entscheet, nämlech d’Colette Flesch.

Eis zwee Maskottche representéiere Jugendlecher hei zu Lëtzebuerg, déi sech Gedanken iwwert d’Politik mann an hier Suergen zum Ausdrock bréngen. “D’Colette” an “De Gast” wäerten an Zukunft zesummen op eisen Events optauchen.