D’Jonk Demokraten huelen d’Resultat vum britesche Referendum zu Kenntnis. Mier sinn enttäuscht iwwert den Ausgang vum Vote an England a Wales. Et ass elo un der britescher Regierung der EU eng Offer ze maache wei de Prozess soll weider goen, esou wei et vum Artikel 50 vum Vertrag iwwert d’Europäesch Unioun virgesinn ass.
An dësem Kontext plädéiere mir fir eng pragmatesch, awer och ferm Approche: wann an deenen zwéin nächste Joer keen Accord do ass, sollen d’Briten hiren eegene Wee goen an d’Konsequenze vun hirem Choix zéien. Zugläich ass d’JDL oppe fir en beschleunegt Verfahre fir Schottland an d’EU opzehuelen, am Fall vun engem positiven Ausgang vum nächsten Onofhängegkeetsreferendum.
Fir déi 27 geet et elo drëms, méi wei jee, zesummen a mat engem Bléck an d’Zukunft den europäesche Projet ze fërderen. Och um kontinentalen Europa ginn et Kräften déi léiwer no hanne kucken, wei no fir. D’JDL bekennt sech – wei schonns bei de leschten Europawalen – kloer zu enger ëmmer méi „enker Unioun“, engem federalen a politeschen Europa, enger EU-Identitéit déi fir ons Jonker net méi ewechzedenken ass. Mier mussen op déi legitim Suerge vun de Bierger lauschteren a mir brauche méi, net manner Europa.
Besonnesch haart schléit dës Entscheedung natierlech ons Generatioune souwuel a Groussbritannien wei och hei zu Lëtzebuerg. Vill jonk Lëtzebuerger studéieren, liewen a schaffen an der zweetgréisster europäescher Ekonomie. Mier ruffen d’Regierung op am Kader vun de Verhandlunge virun allem d’Uleies vun onse Landsleit op de briteschen Inselen zu Häerzen ze huelen an hier Interêten ze schützen. Des weidere si mer besuergt iwwert déi wirtschaftlech Auswierkunge vun dëser Entscheedung fir de Grand-Duché a ganz Europa an deenen nächste Joren. Och hei fuerdere mir d’Regierung op esou séier wei méiglech en Noutplang op d’Been ze stelle fir eventuell negativ Konsequenzen opzefänken, grad elo wou et no Jore Wirtschaftskrisen an dank der Regierungspolitik erëm biergop goung.
Dëst ass en trauregen Dag fir Europa, mee et ass och eng nei Chance de Projet ze stäerken, onse Bierger méi nozebréngen an dat Europa ze gestalten dat mir als Jonker brauche fir eng globaliséiert, tolerant a fräi Welt matzegestalten.
Vereenegt an der Diversitéit. Vive Europa!

 

“ I wish to speak to you today about the tragedy of Europe. […] If Europe were once united in the sharing of its common inheritance, there would be no limit to the happiness, to the prosperity and glory which its three or four hundred million people would enjoy.

Yet it is from Europe that have sprung that series of frightful nationalistic quarrels, […], which we have seen even in this twentieth century and in our own lifetime, wreck the peace and mar the prospects of all mankind.

[…] If Europe is to be saved from infinite misery, and indeed from final doom, there must be an act of faith in the European family and an act of oblivion against all the crimes and follies of the past.

[…] we must re-create the European family in a regional structure called, it may be, the United States of Europe.”
Sir Winston Churchill, Zürëch den 19. September 1946

Reaktioun op den Brexit

Austrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der EU