Am Februar ass an Holland e Gesetz gestëmmt ginn, wat all Bierger ab 18 Joer automatesch als Organspender ugesäit, et sief dës Persoun hätt et zu Liefzäiten ausdrécklech refuséiert.

Zu Lëtzebuerg stinn an der Moyenne 65 Leit pro Joer op enger Waardelëscht an hoffen op eng Organtransplantatioun – en Agrëff deen dacks liewensnoutwenneg ass. 2017 sinn zu Lëtzebuerg awer nëmmen 32 Organer vun 9 Leit gespent ginn (zu Lëtzebuerg selwer ginn am Allgemenge keng Transplantatiounen duerchgefouert).  Dëse Manktem un Organspender bedeit fir vill Leit eng laang a qualvoll Waardezäit, déi leider dacks déidlech end.

Lëtzebuerg huet säit 1982 e Gesetz wat op présomption de solidarité baséiert. E Gesetz wat dem hollännesche Modell gläicht a virgesäit, dass all lëtzebuerger Bierger automatesch als Organspender ugesi gëtt, et sief en hätt et zu Liefzäiten schrëftlech refuséiert. Leider ass et awer esou, dass dëst Gesetz net wierklech applizéiert gëtt. Bei engem Stierffall froen d’Dokteren d´Famill, op dës averstaanen ass dass d´Organer gespend ginn. Well dëst an enger emotionell kritescher Phase geschitt, a well d’Famill dacks net richteg informéiert ass, gëtt dëst vill ze dacks refuséiert. Vill Organer, dei hätte Liewen retten kennen, ginn sou verluer.

De Santésministère lancéiert Campagnen wei déi mam passeport de vie fir d´Leit ze sensibiliseieren an ze iwwerzeegen hier Organer ze spenden. D’Jonk Demokraten sinn awer der Meenung, dass d´Santé de Problem vun der falscher Sait ugeet a sou Campagnen iwwerflësseg wieren, wann d´Gesetz vun 1982 endlech géif richteg applizéiert ginn.

Dofir fuerderen d’Jonk Demokraten :

  • de passeport de vie ofzeschafen an d’Gesetz vun 1982 esou unzewenden, wéi et och an de legalen Texter steet. Doduerch kéint ville Leit endlech gehollef ginn, déi dacks seit Joeren drop waarden, endlech een neit Organ ze kreien fir weiderliewen ze kënnen;
  • dass de « prélèvement d’organe » souwéi d’Transplantatioun nees zu Lëtzebuerg kënne gemaach ginn. D’Gesetz gesäit dëst vir, mee zu Lëtzebuerg ginn et keng Spezialisten déi Organtransplantatiounen duerchféieren. Dëst och well d´Gesetz vun 1982 bis elo net richteg applizéiert gouf an et doduerch kee Besoin gouf fir Transplatatiounsspezialisten an de Spideeler ze hunn. Duerch d´Applikatioun vun deem Gesetz kéint och dee Problem behuewen ginn.

#LieweRetten